Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Journées du patrimoine zu Wäicherdang


Am Kader vun de Journées du patrimoine war kierzlich eng Visite mam Thema “Haiser a Leit” an Zesummenaarbicht mam Sites et Monuments nationaux (SMN) an <<De Cliärrwer Kanton>> (DCK) zu Wäicherdang am Haus Tony Bourg organiséiert ginn. Den Här John Voncken vum SMN huet den interesséierte Leit Erklärungen iwwer d’Architektur vun deem aussergewéinliche Baurenhaff aus dem Joer 1834 ginn, deen ee sou genannten “Öslinger Hochscheunenhof” duerstellt. De Präsident vum Cliärrwer Kanton, den André Bauler, huet an engem Resümé dem Tony Bourg säin Liewen a Wierken erzielt. Mat héijem Besuch zu Wäicherdang hat den Tony Bourg a seng Fra Lisa Schweisthal am Joer 1983 den heitige japanesche Keeser mat senger Fra empfaangen, deen deemols op Initiativ vum Grand-Duc Jean dem Trounfolger aus Japan en typischt Ardenner Bauerenhaus weise konnt.