Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Grousse Konveniat

Viru kuerzem hate sech vill Joergäng zu hirem zweeten Treffen affont. Um 11 Auer war de Rendez-vous am „Café-Restaurant Bourg“, wou och de Menü zerwéiert gouf; et ass ëmmer e Schmaus, wat d'Isabelle zaubert. Vill gouf gepotert bis hin zum Kaffi an der Drëpp. Spiichten an Anekdoten woren um Programm. D'Reien hu sech géint der Owend geliicht. Et goung op den Heemwee. Et gouf festgehal, sech an zwee Joer erëmzegesinn, mam Wonsch, méi Komerodinnen a Komeroden erëmzegesinn.