Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Carlo Kersch vu Wecker goung an d'Pensioun

Am Restaurant „Firwat Net“ um Cents, huet viru kuerzem de Carlo Kersch mat sengen Aarbechtskollegen Abschied vum Beruffsliewen gefeiert.

No enger erfollegräicher Carrière an 37 Déngschtjoren ass hien den 1. Juni als Préposé vum Secteur Nord/Est vun der Entreprise des P&T an di wuelverdéngte Pensioun gaang. Mat engem Don fir d’Kannerduerf vu Miersch an e puer flotten Iwwerraschungen hu seng Chefen an Aarbechtskollegen him bei dëser Feier merci gesot an dem Carlo eng schéi Pensioun gewënscht. (C.)