Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Summerfest an der Maison de Soins Op Lamp ze Waasserbëlleg

Bei ideale Wiederkonditioune hun d'Bewunner leschte Samsden zesumme mat hire Familljememberen a mat dem Personal vum Fleegeheem Op Lamp hir traditionellt Summerfest gefeiert.
Mat Attraktioune fir Grouss a Kleng vum Illusiounist David Goldrake, dem Akkordeonorchester Menningen-Minden, Kettcarparcours, Streichelzoo an Intefëschen war fir en ofwiesslungsräiche Programm gesuergt.