Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Naturbotz: 1,5 Tonnen Dreck opgeraf

1,5 Tonnen Dreck goufen e Samschden vun ca. 40 Fräiwëlleger op de Feldweeër a laanscht d'Strooss zu Waarken opgeraf.

Ënnert Fiederféierung vun de Waarker Jeekelen, hu motivéiert Männer a Fraen vum Spuerverain Waarken, den Eicher Trakterfrënn
Lëtzebuerg, dem Fëscherclub Waarken an dem Trial Club Waarken matgehollef, d'Natur ee gutt Stéck méi propper ze maachen.

Och Memberen vun der Ettelbrécker Ëmweltkomissioun, déi mat der Botz an de Mount vun der Natur "Meng Wiss, meng Blumm & ech" gestart sinn, hunn eng Hand mat ugepakt. Als Ofschloss an als Merci fir déi wertvoll Aarbecht huet d'Gemeng Ettelbréck de fläissege Bierger Gegrills, Gedrénks an een Dessert spendéiert.

Sech engagéieren fir seng Gemeng a sech interesséieren fir d'Natur kann ee sech duerch d'Participatioun un enger oder méi vun den 8 Aktivitéiten am Kader vum Mount vun der Natur.

Dëse Samschden, 13.Abrëll ginn vun 14h Waassermärelen beréngt. RDV fir Fahrgemeinschaften opzestellen ass vun 13.45h bis 14h beim Kierfecht a Stackels. Déi eenzel Participanten fueren dann d'Streck Ettelbréck-Waarken-Welschent laanscht d'Waark of fir d'Beréngung.

d'Manifestatioun ass fir all Alter / Stiwwelen sinn erfuerdert / obligatoresch Umeldung:
claude.heidt@mnhn.lu
T 621 490 347

Org.: Panda-Club an naturfrënn Ettelbréck-Waarken


De Sonnden, 14.4, lueden d'mennien.lu an d'Gemeng Ettelbréck op een MTB-Tour (15 & 30km). Den Tour iwwer Wisen an duerch Bëscher ass geduecht fir de Grand public. Grad Familljen solle sech ugesprach fillen. Lass geet et no 9h bei der Sportshal an den Däichwisen. De Ravi ass gestalt vun der Gemeng Ettelbréck.

Eng Umeldung ass erwënscht awer keng Mussesaach:
Tel.819181-328 / environnement@ettelbruck.lu

Weider Eventer am Kader vun "Meng Wiss, meng Blumm & ech", hei hannendrun am Dépliant.