Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Jeekelslaf an Annekiermes

Nom Fierkelsowend um Virdag ass haut nees Annekiermes mam traditionnellen Jeekelslaf zu Waarken. Um 18.00h geet et iwwer 10 Kilometer oder 5 Kilometer vu Waarken (Rue de Bourschterbaach) duerch déi Waarker Citéeën Richtung Welschent an nees zréck. Kuerz virdrun starten déi kleng Leefer fir de Kannerlaf (1,5 Kilometer) vum sellwechten Départ.

D'Coursen ginn organiséiert vum Ettelbrécker Liichtathletikveräin CAPA.

Wéi emmer suergen déi Waarker Jeekelen dass keen Duuscht oder Honger leiden muss.

Nieft flotte Präisser fir déi séiersten Dammen an Hären gëtt et dëst Joer fir déi 6.Kéier hannerteneen een Jugendförderpräis, genannt Mourekapp (Foto ugespéngelt), fir dee beschten, jugendlechen Nowuessleefer.