Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Walfer Sportler am I.N.S. um Fetschenhaff geéiert

E Mëttwoch den 29.06.2011 hunn 92 Sportler aus allen Kategorien hier Médaille du Mérite Sportif sief et an Bronz, Sëlwer oder Medaille en Vermeil vum Sportminister Romain Schneider an Här Norbert Haupert am I.N.S. um Fetschenhaff entgéint geholl.
Iwwer déi jonk Sportler wéi Bob Jungels, Laurent Carnol, Raphaël Stachiotti, Marie Müller oder den Sacha Palgen brauch een net vill ze schreiwen, kennt een si dach duerch déi excellent Resultater déi si am In. an Ausland maachen.
Awer och aner Sportler waren do, déi net esou bekannt waren oder net méi sinn, déi joerelaang vir hir Veräiner do waren, Leeschtung op hirem Niveau vollbruecht hunn, an oft e Virbild vir déi deemoleg Jugend waren.
Vir Walfer hunn 3 Sportler hir Medaille entgéint geholl,waren dat dach Karin Mayer, Feidt Misch allen zwee vum Karatewalfer an den Romain Breuer vum Volleyballclubwalfer.
Karin Mayer huet joerelaang super Resultater an hirem Veräin, an an der Nationalequipe vollbruecht, de Feidt Misch as landbekannt duerch seng gudd Aarbecht als fréieren Nationaltrainer an als Trainer beim Karatewalfer, huet hien dach méi wéi eent Talent erausbruecht, brauch een nemmen un Tessy Scholtes an den Bob Feidt ze denken.
De Romain Breuer schafft no senger aktiver Laufbahn als Volleyballspiller mat vill Engagement an Härz am Volleyballclub zu Walfer.
No deem offiziellen Akt, waren Invitéen op e Patt an en klengen Häipchen agelueden, an jonk an méi eeler Sportler hunn begeeschter mat eneen natierlech iwwer Sport diskutéiert.