De 6.Mäerz hat d’Chorale Sainte-Cécile vu Walfer hir Generalversammlung. De President Pierre Kummer huet d’Leit begréisst: de Buergermeeschter Guy Arendt, den 1. Schäffen Alain Weins, d’Gemengeréit François Sauber a Marianne Eiden-Renckens, d’Presidentin vun den „Oeuvres paroissiales“ Edmée Schmit an natiirlech d’Sängerinnen a Sänger. Hien huet der Gemeng an der Kierchefabrik Merci gesot fir di Mëttelen déi si dem Chouer op verschidden Aart a Weis zur Verfügung stellen.
Hien huet op dat vergaangent Joer zréck gekuckt an un déi verstuerwe Memberen erënnert. Hien huet seng Satisfaktioun ausgedréckt iwwer den groussen Asaz vum Chouer, bei de kierchlechen an zivilen Feierlechkeeten a virun allem beim Concert vum 16. Oktober 2014.
D’Sekretärin Edmée Turmes-Wenkin huet di eenzel Aktivitéiten vum Veräin opgezielt, dorënner d’Abschidsfeier fir den Här Paschtouer Armand Koos, den a Pensioun gaangen ass, an d’Aféierung vum neie Paschtouer, dem Här Leo Wagener, an dem Pastoralreferent Karsten Steil-Wilke.
Den Trésorier Nik Glaesener huet d’Recetten an Depensen duergeluecht an e bemierkenswäerte Benefice vun der Gaarde-Party presentéiert. De Veräin steet finanziell gutt do.
D’Dirigentin Elisabeth Schmit huet erklärt dass d’UNESCO 2014 de Chouergesang zum Patrimoine mondial culturel immatériel deklaréiert huet. Dat bedeit Unerkennung an och Verpflichtung. Si huet der Chorale Merci gesot fir hir Disziplin an de Prouwen a bei den Engagementer. Si huet och de Concert ernimmt, bei dem jonk Walfer Artisten, ënner der Ledung vum Marc Mootz, matgewierkt hunn. Den Titularorganist Roger Goodwyn hat extra fir dëst Zesummespill e Stéck arrangéiert. Si huet sech gewënscht dass de Chouer sou weiderfiert an aner - och jonk - Leit begeeschtere kann.
Den Här Paschtouer Leo Wagener huet ënnerstrach dass d’Präsenz vun den Gemengevertrieder hir Unerkennung beweist fir di wichteg Aufgab déi de Chouer um soziale Plang erfëllt an hien huet de Wäert vum Gesang an der Kierch betount.
De Buergermeeschter Guy Arendt huet der Chorale felicitéiert fir hiren Asaz an hir exzellent Qualitéit. Hie war frou ze héieren dass di 2 Walfer Choralen gemeinsam Optrëtter plangen.
Beim Punkt „Divers“ koum d’Neiegkeet dass de Pierre Kummer no 12 Joer als President zrécktrëtt. Hie stellt als säin Nofolger de Jos Turmes vir. Den neie President huet dem Pierre Kummer seng vill an diskret Aarbecht gewierdegt. Hien huet de Veräin mat Zännrieder verglach, wou d’Sänger mat der Dirigentin, den Organisten, dem Pastoralteam an dem Conseil d’Administration aneneegräifen. Hien ass vun der Versammlung akklaméiert ginn an dono sinn d’Rieder geschmiert ginn.
Nei Sängerinnen a Sänger sinn häerzlech wëllkomm!
De Conseil d’Administration besteet aktuell aus (op der Foto v.r.n.l.): Maisy Wagner, François Lamesch, Elisabeth Schmit, Edmée Turmes-Wenkin, Pierre Kummer, Nicolas Glaesener, Leo Wagener, Paulette Schmitz-Fischbach, Martine Kneip, Jos Turmes, Karsten Steil-Wilke.