De leschte Weekend am Juni war der Chorale Ste-Cécile vu Walfer hir traditionell Gaarde-Party am Walfer Porheem bei herrlechem Summerwieder. Wéi ëmmer si ganz vill Leit kucke komm an hunn an enger flotter Stëmmung eppes Guddes vun der ofwiesslungsräicher Kaart oder dem Pâtisseries-Buffet giess an e Patt zesumme gedronk. Bei enger Tombola goufe vill schéi Präisser verloust.
Sonndes huet d’Chorale Ste-Cécile Folschette d’Houmass gesongen. Am Nomëtteg huet d'Percussiouns-an Danzgrupp „Lolamba“ mat engem liewege Concert afrikanesch Ambiance an de Gaart hannert dem Porheem bruecht. Si war invitéiert ginn am Kader vun der Kooperatioun vun der Walfer Gemeng mat de lokale Veräiner fir d'Entwécklungsaarbecht vun ASTM am Burkina Faso ze ënnerstëtzen.
D'Chorale Ste-Cécile Walfer seet jidderengem Merci dass dës Gaarde-Party nees e vollen Erfolleg ginn ass a freet sech op d'nächst Joer.