Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Coupe des Coupes vum Karateclub Walferdange

All Joer organiséiert de Karateclub Walfer hiert grouss Grillfest vir den Ofschloss vun der Saison ze feieren. dëst Joer hat de Comité sech eppes extras ausgeduecht, si hunn een Tournéier vir déi jonk Karatekas vun 5 Joer bis 14 Joer organiséiert ënnert dem Numm ,,Coupe des Coupes,,
Mat vill Engagement hunn déi jonk an natierlech och Elteren mat gemat, hunn si dach déi jonk Karatekas mat vill Applaus ugefeiert, egal op Resultat gutt oder net esou gutt war, haaptsaach si waren derbäi, och dat zielt bei deenen jonken Karatekas.
Um Programm stoung Kata an duerno dat wat mat méi Action verbonnen ass, de Kumité. Muenchmol ass eng treen gefall, awer dat ass ëmmer schnell vergiess, waren dach Elteren do vir deen een oder anert ze treeschten.
Nom Tournéier war Iwwerreechung vun den Coupen, wou déi kleng hir Coupen mat vill Stolz entgëent gehol hunn.
Duerno ass Grillfest esou richteg lass gaang, kruten déi jonk du endlech eppes an de Bauch, gouf et dach nëmmen gutt Saachen vum Grill.Vir déi, déi nach net midd waren, konnten um Sprangschlass alles aus sech eraus huelen.
An esou ass alt erëm eng Saison am Karateclub Walfer eriwwer, an schonns ass um Grillfest vun der nächster Saison gefachsimpelt ginn, bei engem gudde Patt an eppes vum Grill.
www.allsportslux.com