D’Chorale Ste-Cécile Walferdange huet dëst Joer den 19. Oktober hire Concert ënner dem Titel « Cantate Domino » an der Walfer Porkierch offréiert. En ass feierlech ugaang mat engem Uergelwierk, gespillt vum Roger Goodwyn. Dono huet den President Pierre Kummer déi vill Nolauschterer begréisst an an de Programm agefouert. Hien huet de Concert dem laangjäregen Dirigent vun der Chorale, dem Här Jos Schmit, de kierzlech verstuerwen ass, gewidmet. De Chouer huet ënner der Direktioun vun der Madame Elisabeth Schmit en ofwiesslungsräiche Programm aus Stécker a cappella a mat Uergelbegledung gesongen, mat ënnerschiddleche Stëmmungen, mol méi roueg, mol méi lieweg, an a verschiddene Sproochen. En instrumentalen Intermezzo, gespillt vu jonke Walfer Museker, huet d’Leit besonnesch beréiert. Si hunn mam Organist a mam Chouer zesummen dat monumentaalt Schlusswierk gespillt. De begeeschterte Publikum huet um Enn 2 Zugaben gefrot. Ënner groussem Applaus kruten d’Dirigentin, den Organist an d’Museker vum Ensembel Blummen vu Comitésmemberen iwwerreecht. Nom Concert huet de Veräin seng Gäscht op eng kleng Receptioun an d’Porhem invitéiert.