D‘Chorale Ste-Cécile Walferdange huet de Weekend vum 22ten November d‘Fest vun der helleger Caecilia, der Schutzpatrounin vun de Musiker an de Sänger, gefeiert. Ënner der Ledung vun der Dirigentin Elisabeth Schmit sinn an der Virowendmass samschdes an an der Houmass véierstëmmeg Chouerwierker gesonge ginn, ënner anerem eng Mass vum W.A. Mozart. Och den Titularorganist Roger Goodwyn huet mat senger Konscht zum festleche Charakter bäigedroen.
Den neie Walfer Paschtouer Léon Wagener huet der Chorale Merci gesot fir hiren zouverlässegen Asaz bei de Sonndes-Liturgien an de Begriefnismassen an huet un di verstuerwe Membere vum Veräin erënnert. Um Enn huet hien d’Leit an der Kierch opgefuerdert ze applaudéieren an déi besonnesch feierlech musikalesch Gestaltung vun der Mass ze wierdegen.
Sonndes mëttes gouf et am Porheem e Mëttegiessen fir d’Memberen a Frënn vum Veräin. Beim Aperitif huet de President Pierre Kummer eng kleng Usprooch gehal a Cadeauen iwwerreecht fir besonnesch geleeschten Aarbecht: der Dirigentin, dem Organist Jemp Kinn an dem Archivar Michel Langue. (De Roger Goodwyn konnt aus Gesondhetsgrën dunn net dobäi sinn.) Véier Sänger goufe fir hir laangjäreg Aktivitéit geéiert: d’Dammen Getty Glaesener-Wolter, Maggy Dostert-Thill a Marie-Paule Schmitz-Lampertz kruten d’gëlle Medail fir 30 Joer an den Här Claude Thill d’bronze Medail fir 10 Joer Memberschaft am Piusverband.