Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Waldbëlleg am Michel-Rodanges-Féiwer

Viru ronn 190 Jar ass de Michel Rodange zu Waldbëlleg op d’Welt komm. Dat war fir déi Bëlleger Gemeng an och fir d’Leit aus deene verschiddenen Uertschaften e Grond, fir dee Gebuertsdag anständeg ze feieren. Och d’Grondschoul ass vun deem Féiwer ugestach ginn a si hunn e wäertvollen Deel zu deene Feiere bäigedroen. Aus alem Eechen-Holz huet de Feeschter mat senge Leit eng Serie Fiiss a Maansgréisst erausgeschnidden. D’ Kanner aus der Grondschoul ware begeeschtert fir déi Fiiss faarweg ze maachen. Déi schéi Konschtwierker stinn am Moment an der Wiss virum Hentgesbau (Gemeng) a kënnen do bewonnert ginn. Mee wat och flott ass : De 15. Juli, am Kader vum Dëppefest, ginn dës Fiiss owes ëm 9 Auer versteet. De Steepräis gëtt mat 750 Euro pro Fuuss ugesat, an all Konschtfrënd soll do matmaachen a versichen, Besëtzer vun esou engem Fuuss ze ginn.