Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gutt besichten Uergelconcert zu Waldbëlleg

Um 3. Sonndeg an der Ouschterzäit haten d’Uergelfrënn Waldbëlleg op en flotten Uergelconcert mam Dominikanerpater Thomas Möller OP vun Düsseldorf invitéiert. Trotz schéinem Fréijoerswieder war déi Waldbëlleger Kierch gutt gefëllt. Mat Wierker aus Barock, Romantik an Neizäit huet hien den Zuschauer bewisen, wat alles op enger klenger Päifenuergel méiglech ass. Um Programm stoungen Wierker vu J.S. Bach, Clérambault, F. M. Bartholdy, Burkhardt, Giroud a Bédard.

Nom Concert gouf de Pater Thomas mat engem kräftegen Applaus fir dee schéine Uergelrécital belount.