Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E Cocktail fir dem « Nannets Méchel » säi Gebuertsdag

Den 3. Januar 2017 wier de Lëtzebuerger Nationaldichter a Schrëftsteller Michel Rodange 190 Jar al ginn. Hie war 1827 am Haartmount, an zwar den 3., zu Waldbëlleg an Nannets op d’Welt komm. Dat ass natierlech eng eemoleg Geleeënheet fir déi Bëlleger Leit a fir d’ganz Gemeng, dee Gebuertsdag ze feieren. Eng Rei vun Organisatioune si fir dëst Jar geplangt, mee wat elo scho fäerdeg ass, dat ass eng Serie vun dräi Cocktailen, déi bei deene verschiddenen Organisatiounen zervéiert ginn. D’Gemeng - mat enger Rei vu Bénévolen - huet beschloss, dräi verschidde Cocktailen z’entwërfen, well d’ Goûte vun de Leit jo och verschidde sinn. Beroder an Expert bei deer Créatioun war de Barman Elie Clément, Chargé de cours an der Hôtelschoul. Hien huet ëmmer hervirgehuewen, datt bei engem gudde Cocktail déi dräi « S » wichteg sinn, an zwar Sweet, Sour a Strong. No villem Probéieren a Schmaachen gouf endlech d’Rezept vun deenen dräi Cocktailen eestëmmeg gutgeheescht a si gouwe « Rodange », « Nannets » a « Waldbëlleg » genannt. Hervirzehiewe bleift, datt niewent dem Elie Clément nach de Buergermeeschter Jean-Luc Schleich an d’Jacqueline Penning, den Ernest Wagner an de Filipe Soares am Jury waren. De Mëllerdall ass elo ëm eng Spezialitéit méi räich, wou e Produkt aus der Géigend, an zwar d’Neelchesbier, e groussen Deel zu deer ausgezeechenter Qualitéit vun deem neie Gedrénks bäidréit.