Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bembicia scopigera - Esparsetten-Glasflügler ganz rare Päiperléck

Dëse raren Glasflügler hun ech de 15.7.2018 zu Wal entdeckt an enger naturbeloossener wëller Wiss vun der Famill Schneider. Sie gesin aus wéi Wespen, sin awer Päiperléken. Picken kënnen se nit. Hirt Ausgesin ass fir sech virun natierleche Feinden ze schützen. Raupe liewen bannen an de Planzen. Dëse Glasflügler liewt an Esparsetten. Dat ass e Schmetterlingsblütler mat rosa-mauven Bléien. D'Raup liewt an der Wurzel an am Still. Bis elo ass dëse Glasflügler bei Diddeleng an Esch font gin an dann och de 15.07.2018 zu Wal. Hir Entdeckung ass ëmmer bëssen Zoufall.

E grousse Merci dem Hellers Marcel, den sech op de Wee op Wal gemaach huet fir dëse sielene Pimpampel ze bestëmmen, an och un de Raoul Gerend, dee mech drop opmierksam gemaach huet, datt dëst e ganz sielent Insekt hei am Land ass. De Musée freet sech bestëmmt iwert dëss Entdeckung. Et ass e wonnerbart Resultat vu fauchage tardif, do gesäit een, et lout sech.

Mim Bloes