Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nei Broschür vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

Och wann d’Memberen an d‘Mataarbechter vun dësem Geschichtsveräin sech net konnten treffen a Corona-Zäiten, ware si awer fläisseg an hunn hir 18. Broschür zesummegestallt. Dora fënnt een op 84 Säiten ënnert anerem een Artikel vum François Valotteau iwwert d’Préhistoire an de Jean Krier huet Recherche gemaach iwwert eng rare karolengesch Mënz, déi de Romain Jacoby bei senge Prospektiounen zu Mäerzeg fonnt huet. Den Här Krier huet och e Bericht geschriwwen iwwert der groussherzoglecher Famill hir Visitt beim Viichter Mosaik am Joer 1995. Vu Viichten fënnt e méi oder manner al Fotoen vum Café Différence a vun de Viichter Pompjeeën. De Jeannot Kettel huet den zweeten Deel vun enger Dokumentatioun vun de Viichter Flouernimm um Pliintgen a beim Dimmelchen redigéiert an hien huet Extraiten aus alen Zeitungen zesummegestallt, déi eppes iwwert Viichten bericht hunn. Den Alex Langini beschreiwt d’Geschicht an den aktuellen Zoustand vun der Kapell zu Biissen um Wobierg. Da goufen nach vill Dokumenter iwwert d’Geschäft Nierenhausen vun Useldeng zesummegedroen an als Ergänzung zum Artikel iwwert d’Faarwefabrik Robin sinn al Photoe vum Edouard Kutter jr. ofgedréckt. Mat Photoen aus Amerika gëtt u Chrëschtdag 1944 erënnert an d‘Restauréierung vu Schifersteen-Kräizer vum ale Viichter Kierfecht gouf am Bild festgehalen. Zum Schluss gëtt een nach an Text a Photoen iwwert d‘Aktivitéite vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn am Joer 2019 informéiert.

Wien drun interesséiert ass, dës Broschür ze kréien, dee ka 15,00 € + 2,50 € fir d’Verschécken iwwerweisen op de Kont vun de Viichter Geschichtsfrënn: CCRALULL LU03 0090 0000 7423 4436, mam Vermierk: Broschür 18.