Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nei Broschür vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

De Geschichtsveräin Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn huet viru kuerzem eng nei Broschür erausginn. Mat der Hëllef vu kompetente Mataarbechter wéi ënner anerem den Häre Jean Krier, Tom Lucas a François Valotteau aus dem MNHA , dem Diozesan-Konservator Alex Langini an dem Geschichtsprofesser Jeannot Kettel koum eng interessant Zäitschrëft mat villfältegen Themen eraus. Et ass dëst déi 17. Oplo déi sech mat historischem Material vu Viichten, Mäerzeg an der Ëmgéigend beschäftegt. An der aktueller Zeitung fannt dir Artikelen déi vun der Prehistoire bis an déi haiteg Zäit handelen. Sou gi Fondstécker aus dem Paläolithikum an aus der Réimerzäit, beschriwwen, grad wéi réimesch Mënzen an de réimeschen Aquädukt vu Viichten, dee scho beim Alexander Wiltheim am 17. Joerhonnert ernimmt gouf. D’Kierch vun Dellen gëtt vun alles Säite beliicht an dir fannt vill Material iwwert d’Faarwfabrik Robin vun Useldeng. E groussen Artikel befaasst sech mat de Lieux-dits vu Viichten. Vun engem mechaneschen Auerwierk ass do ze liesen, a vu Mäerzeg sinn Extraiten aus alen Zeitungen transkribéiert. Donieft gesäit een nach a Schrëft a Bild, wat d’Geschichtsfrënn aktuell ënnerholl hunn.

Wann dir drun interesséiert sidd, dës Broschür ze kréien, dann iwwerweist w.e.g. 15,00 € op de Compte vun de Viichter Geschichtsfrënn: CCRALULL LU03 0090 0000 7423 4436, mam Vermierk: Brochure 17. E Beitrag vun 2,50 € fir d’Verschécken ass och wëllkomm.