Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung bei de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn

Viichten/Mäerzeg. Viru kuerzem haten d’Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn hir Generalversammlung. Nodeems de President, Romain Jacoby, d’Memberen an d’Gäscht begréisst hat, huet d’Marie-Anne Kugener-Goethals erläutert, wat de Veräin déi zwee lescht Jore geschafft huet a wéi et mat de Finanze vum Veräi steet. De Romain Siebenaller, dee mam Jos. Oesch d’Keess kontrolléiert hat, huet d’Leit gebieden, dem Comité Decharge ze ginn. Duerno huet de Romain Jacoby erkläert, wat mir an nächster Zukunft wëlles hunn. Do wier z. B. de 17. Mäerz déi grouss Journée de l’histoire locale, wou 25 Aussteller iwwert verschidden Aspekter vun der Lokalgeschicht informéiere mat der Hëllef vu Fotoen, ale Pabeieren a Bicher, mat ale Maschinnen, Krichsmaterial, Timberen, Ahnefuerschung asw. Fir Iessen an Drénken ass och gesuergt. Den Entrée ass fräi. Am Nomëtteg stinn 3 interessant Konferenzen um Programm.

Dann ass, zesumme mat der Gemeng, geplangt, un Hand vun ale Fotoen op Panneauen de Leit ze weisen, wéi d‘Viichter Gemeng fréier ausgesinn huet. Ausserdeem huet de Veräin d’Initiative geholl fir d’Schieferkräizer um ale Kierfecht besser ze schützen an och duerfir ass d’Gemengeverwaltung bereet hir Ënnerstëtzung ze ginn. De Gemengevertrieder vu Viichten, de Luc Recken, huet dat bestätegt an dem Veräin all Guddes gewënscht. De Buergermeeschter vu Mäerzeg, de Mike Poiré, huet erkläert, wat déi Mäerzeger Gemeng a leschter Zäit alles gemaach huet a wat si nach wëlles hunn. Och goufe mir drop virbereet, datt an Zukunft een neie Schlëssel fir d’Subsideverdeelung ausgeschafft gëtt.

Eng vun den Haaptaktivitéite vum Veräin ass all Joer d’Editioun vun enger opwänneger Broschür. An der Nummer 16 stinn Artikelen iwwert d’Prehistoire, de Paläolithikum, e réimescht Hiwwelgraf, e réimesche Rank a réimesch Mënzen. Dir kënnt Iech informéieren iwwert sou verschidden Theme wéi d’Wiichtelcher vu Viichten, d’Kierch vun Iewerleng oder e Mordfall vu Mäerzeg. Donieft fannt Dir gutt recherchéiert Artikelen iwwert eng Petitioun vum Joer 1848 an der Gemeng Viichten an d’Aktivitéie ronderëm d’Useldenger Gare. Desweidere sinn al an nei Fotoen dra vu Viichten, Feelen a Schandel. Wann Dir un dësen Themen interesséiert sidd, kënnt dir 17 € op de Kont vun de Viichter Geschichtsfrënn (LU03 0090 0000 7423 4436 bei der CCRALULL) iwwerweisen an da kritt Dir dëst 100 Säiten déckt Heft zougeschéckt

Nom offiziellen Deel gouf nach vill diskutéiert beim Patt a bei engem extra gebrannte Schléiwelikör.