Traditiounsméisseg maachen d'Memberen vun der "Amicale des Anciens Elèves des Ecoles Primaires Limpertsberg" hire Fréijoersausflug an der éischter Meewoch.
Dest Joer gong et bei schéinem Meewieder an den Ellergronn.Desen Natursite war deene meeschten vun onsen eeleren Härenn net bekannt an sie waren beandrockt vun desem schéine Stéck Lëtzebuerg am Escher Kanton.
Bedengt durch verschidden Ursachen déi am héigen Alter ëmmer erëm virkommen,konnt e groussen Deel vun onse Memberen net um Ausflug deelhuelen,awer déijéineg déi dobäi waren hun e flotten Dag am Restaurant "an der Schmëtt" zesummen verbruecht.