Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ausstellung Linda Bouter a François Klasen an der Veiner Konstgalerie

Symbios vu Molerei a Skulptur

E Sonndeg den 8. Mee war d'Erëffnung vun der Ausstellung "Les invités - Linda Bouter & François Klasen" an der Veiner Konstgalerie. Um 15:00 Auer war den Opening, mat enger Usproch vum Marie-Josée Kerschen, Presidentin vu ViArt, an vum Schäffen Jengel Klasen. D'Vernissage gouf ënnermoolt vum Menno Bouter op der Gittar.


D'Linda Bouter, Meedchen vum Willem J.A. Bouter, ass Molerin a Keramik-Kënschtlerin. D'Kënschtlerin aus Roodeschool, Holland, huet als Goldschmadd a Molerin ugefaang an sech duerno och als Ceramiste entwéckelt. Hier faarfkräfteg Biller, mat Ueleg- an Acrylfaarf gemoolt, sinn ausdrocksstaark a weisen haaptsächlech Portraiten - vu Mënschen mee och vun Déieren. Sie wiesselt gären tëscht der Molerei an der Keramikkonscht, wourauser schlussendlech och kombinéiert Aarbechten entstane sinn.
Hier Keramik-Skulpturen an hier kombinéiert Wierker - Biller mat Keramikelementer - gi méi an dat Abstrakt. Si hunn en äerdege Charakter a loossen de Betruechter un Ausgruewungen oder Grabbeigaben denken.
D'Linda Bouter huet un der Rietveld Academy, Amsterdam studéiert, ass Member vun der "Foundation Keramisten van Noord-Nederland" an der "Professional Organization of Artists".


Den François Klasen, och "Frances" genannt, ass en echte Veiner Jong an huet "well ëmmer geschnëtzt an holzen Männercher erschaf". Seng androgyn Käpp, déi all hier eege Geschicht hunn, blécke frech awer och heiansdo traureg an d'Welt a sollen de Geescht vun de "Veiner Geecken" erëmspigelen. Et geet him ëm d'Verstoe vun de Mënschen an fir dat an senge Skulpturen duerzestellen. Den Frances Klasen war um Arts et Métiers an der Staat an huet un de F.H. Tréier studéiert.

Obwuel déi zwee Kënschtler sech eréischt am Kader vun hirer gemeinsamer Ausstellung kenne geléiert hunn, ergänzen hier Wierker sech perfekt an et kënnt engem vir, wéi wann et eng Séileverwantschaft tëscht dem Linda Bouter senge Portraiten an dem François Klasen senge Skulpture géif ginn.


De Vernissage war gutt besicht. Um Sonndeg den 29.5.22 ass de Finissage vun der Ausstellung, wou een och d'Kënschtler nach emol perséinlech ka kenneléieren a mat hinnen e Patt zesummen drénken.


Infos zu dëser a weideren Ausstellungen: www.viart.lu