Wählen Sie Ihre Nachrichten​

EXPO: Faarweg Impressioune vum Bam

03
Jul
2021
03 Jul 04 Jul 05 Jul 06 Jul 07 Jul 08 Jul 09 Jul 10 Jul 11 Jul 12 Jul 13 Jul 14 Jul 15 Jul 16 Jul 17 Jul 18 Jul 19 Jul 20 Jul 21 Jul 22 Jul 23 Jul 24 Jul 25 Jul

Vernissage with presence of artist: 03.07.2021, 18h00

Ënnert mengem neie Kënschtlernumm MADAM erfëllen ech mir mat menger éischter Ausstellung „Faarweg Impressioune vum Bam“ souzesoen ee perséinlechen Dram: als Kënschtler meng Biller auszestellen.

D’Inspiratioun fir dës Ausstellung ass mir wärend Spadséiergäng mat menge Kanner duerch de Bësch komm: ech wollt d‘Beem op verschidden Aart a Weisen duerstellen. Et ginn onendlech vill Zorte vu Beem an hiert Ausgesinn gëtt beaflosst vun de Joreszäiten a vum Alter, mee och vun der Situatioun an där se wuessen: am Grupp oder eleng, ageschränkt oder mat vill Plaz, am Liicht oder am Schied... Dës Villfältegkeet hunn ech probéiert op menge Biller festzehalen, an dat aus enger Mëschung vu Realitéit an Abstraktioun. A menge Biller fënnt een e gewëssen Afloss vum Impressionismus, dat well säit laangem meng beléiftste Kënschtlerbeweegung ass.


http://anciencinema.lu/events/faarweg-impressioune-vum-bam