Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nationale Gedenkdag 2015 an der Gemeng Useldeng

Um nationale Commemoratiounsdag erënnert de Grand-Duché sech all Joer un d’Affer vun der Nazi-Okkupatioun. Dësen nationalen Gedenkdag, organiséiert vun der Gemengeverwaltung zesumme mat der Amicale des Enrôlés de Force an dem Comité du Souvenir, gouf dëst Joer den 11. Oktober och an eiser Gemeng zelebréiert, an sou huet leschten Sonndeg dunn déi traditionell Gedenkfeier stattfonnt.

Wéi an de vergaangenen Joren war Rendez-Vous am Millenhaff um 10h15 wou déi zwou Museksgesellschaften aus Useldeng an Iewerleng, zesummen mat dem Pompjeescorps aus der Gemeng de Cortège an d’Porkierch ugefouert hunn. Um 10h30 huet den Här Paschtouer Mathieu Janssen eng feierlech Gedenkmass gehalen, déi verschéinert gouf vun de Chorallen aus eiser Gemeng.

No der Mass war eng Gedenkzeremonie beim Monument aux Morts wou Blummegerben niddergeluecht goufen, während d’Sonnerie aux Morts gespillt gouf.
Encadréiert war dës Zeremonie mat enger Ried vum Här Buergermeeschter Pollo Bodem. Duerno goung de Cortège zeréck an de Centre Culturel, wou no enger kuerzer Usproch vum Här Roger Feiereisen, President vum Comité du Souvenir, zum Ofschloss d’Gemeng den Éierewäin offréiert huet.

(Text / Fotoen: Tom Lehnert)