Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fréijoersbotz an der Gemeng Useldeng

D‘Ëmwelt- Sécherheets- a Feldweekommissioun hat op hir alljäerlech "Grouss Botz" invitéiert déi den 7. Abrëll 2018 an der Gemeng Useldeng statt fonnt huet. Treffpunkt war um 09.30 Auer am Millenhaff zu Useldeng, wou d'Leit an gedeelt goufen, fir an deene 4 Dierfer aus der Gemeng ze botzen. Matt Hëllef vun den Pompjeeën sinn Leit op déi verschidden Platzen gefouert ginn, an duerfir hinnen och ee groussen Merci. Et ass vill Dreck zesummen komm, wéi Pneuen, Vëlos-Kader, Béchsen an Fläschen.

Fir den Ofschloss ze maachen hat d’Gemeng Useldeng all d'Bierger déi matgemaach hunn, nach op eng Spaghetti invitéiert.

Text/Fotoen: Claude Bach