Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Flotte Wanterconcert 2017 gehat


An enger Welt wou Gewalt, Krich an Terrorismus praktesch den Alldach bestëmmen, an enger Zäit wou een mat sengen Kollegen iwwer Facebook, Messenger oder Twitter kommunizéiert. Genau an der Zäit huet d‘Useldenger Musik et den 22. Dezember faerdeg bruecht ganz vill Leit op engem kaalen, däichteren Owend doheem hannert dem Uewen raus ze lackelen fir sech den Wanterconcert 2017 an der Useldenger Kierch unzelauschteren. Beim Optakt vum Programm huet den Jugendensemble ënnert der Direktioun vum Karin Pick mam Stéck „Jupiter“ vum Komponist Gustav Holst bewisen, dass een keng Angscht brauch ëm d`Zukunft vun der Harmonie ze hunn. Ënnert der Leedung vum dynamischen Dirigent Paul Fox woussten déi ronn 50 Musikanten mat modernen Chrëschtdagsmelodien an awer och mat Stécker wéi „Mill on the Cliff“, „A Quiet Moment“, „Solas Ané“ oder „Canterburry Choral“ hiert Publikum ze iwwerzeechen. D` Presentatioun vun all dëse Stécker gouf duerch Conférencière Christel Gottschalk duerchgefouert. Den absolut musikalischen Héichpunkt vun dësem Owend war mat Secherheet d‘ Stéck „Marianne“ bei deem den Solist Charel Ney eng Beschtleechtung op sengem Bügel geliwwert huet.

D’Harmonie Useldeng profitéiert fir Iech all vill Gléck am neie Joër ze wënschen an freet sech elo schon Iech um Gala-Concert den 19. Mee 2018 rem ze gesinn.