Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Eischt Kommunioun fir 16 Kanner


Useldeng: An der festlich gerëschter Kierch vun Useldeng hun deser Deeg 16 Kanner aus der Gemengen Useldeng a Viichten déi der Par Aterdall Sainte- Claire ugehéieren, zesummen mat Kanner aus anere Gemengen, hier éischt hëlleg Kommunioun empfaangen. Nom Cortège ugefouert vun der Useldénger Harmonie, gouf di feierlich Mass vum Abbé Mathieu Janssen an assistéiert vum Abbé Tristan Häcker gehaalen. Gesanglich verschéinert ass de Gottesdëngst vun de Kanner selwer ënnert der Leedung vum Léa Barthelemy a mat der Begleedung vum Instrumentenensemble. D'Entrée an d'Sortie huet den Organist Carlo Philippe op der Uergel gespillt . (CHAREL REISER)