Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Concert "Swingin' Castle" vun "The Northern Big Band zu Useldeng

09
Nov
2019
09 Nov

„The Northern Big Band“ invitéiert iech op e flotten ongezwongenen Owend ënner Frënn bei engem gudde Maufel, engem gudde Patt a natierlech bei flotter Big Band Musek aus den 1930’er bis 1980’er Joren. Mir hunn iech e gefällege Programm zesummegestallt, mat Big Band Klassiker vu Glenn Miller, Duke Ellington, Count Basie, Charlie Parker, Sammy Nestico, Peter Herbolzheimer a ville méi. Freeën däerft dir iech och op d‘Christine Heitz, wat bei „The Voice of Germany“ matgemaach huet an als bescht lëtzebuerger Talent ofgeschnidden huet. Desweideren si mir och immens frou, datt de Raoul CHRISTOPHE sech bereet erkläert huet als Solist opzetrieden. Hien ass Trompetist an der Militärmusek a Bandleader vun der Big Band vun der Miliotärmisek, wéi och vun der Big Band OPUS 78. An zu gudder Lescht sinn och d’Dänzer vu „Swing Dance Luxembourg“ erem mat derbäi, déi och iech animéiere wäerte fir op eis Musek ze danzen. Ganz ënnert dem Motto „We swing, You dance“ An deem Sënn freeë mir eis elo schonn alleguer op e schéinen Owend an hoffen dir hutt vill Spaass bei der zweeter Editioun vun „Swingin‘ Castle“

Weitere Neuigkeiten von The Northern Big Band >