Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wien war "Le Petit Ramoneur" ?

Schonns e puer Wochen ass den Tour de France duerch Wilwerdang gefuer.

Tëschent den zwou Entréesdieren vun der aler Schoul ass e flotte Portrait vun engem berühmten Cyclist op d'Mauer gemoolt an en ass nach net verblasst.


Et handelt sech net ëm de François Faber, de Nicolas Frantz, de Jempy Schmitz oder soss engem lëtzebuerger Coureur deen beim Tour de France jeemools matgefuer ass.


Den Ënnertitel vum Bild "Le petit ramoneur" verréit dass, et sech hei em keen aneren ewéi den Maurice-François Garin handele kann.

De Maurice Garin ass den 03 Mäerz 1871 op Welt komm an den 19te Februar 1957 gestuerwen.

Hien ass de Gewënner vum éischte Tour de France deen 1903 vu Paräis, op Lyon, Marseille, Toulouse, Bordeaux, Nantes an zeréck op Paräis gefuer ginn ass.

Merci dem Kënschtler, fir de flotte Portrait.


Weider Foten an Informatiounen iwwert Wilwerdang.