Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wahlparty zu Wilwerdang

Et huet sech zou engem festen Rendezvous entwéckelt. Och dëst Joer huet de "Widrigo" op seng Wahlparty agelueden.

Nodeems een seng Stëmm ofginn hat, konnt e nach Geleeënheet bei hinnen eraluussen. Fir Iessen a Gedrénks hu si beschtens gesuergt an et konnt e Wahlresultater ofwaarden. Déi hunn doutsëcher net dem engen oder aneren esou richteg geschmaacht, mee de Wieler hat säi Wëllen ausgedréckt.


Et sief awer och deene Leit aus de Wahlburoën villmools Merci gesot, déi vill ze zielen an opzepassen haten dass hinnen kee Feeler ënnerlaf ass zemools wou eng Partei - wat hiert gutt Recht war - Zeien an de Büroen sëtzen haten.