Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nuetswanderung um "Sentier des Passeurs" zu Ëlwen


Kiirzlich hat d'Gemeng Ëlwen an Zesummenarbicht mat derTourismuskommissioun, an de Partner vum Naturpark Our, dem ORT Éislek op eng Nuetswanderung um "Sentier des Passeurs" zu Ëlwen ageladen, dëst op de Spuren vun de Passeuren am 2. Weltkrich.

No enger Filmpresentatioun van Zäitzeien am Kino "Orion", hat d'Equipe sich mat geféierter Wanderung an Erklärungen vum Ralph Heuschen, um 22h00 op de 7 Kilometer lange Wee gemat, dee van der Ëlwenter Gare durich de Biwwëscher Bësch- um Grenzpassage Nonnebësch, bis op La Dalle bei Limerlé (B) gefouert hat. E Wee den ze denken gët, wann een an der däischterer Nuecht durech de Bësch trëppelt,.

No Mëtternuecht ass dëse Grupp zu "La Dalle" (B) ukomm, wou d'Leit mam Bus zreck op d'Ëlwenter Gare gefouert gi sinn.

Als Afschloss van der Nuetswanderung hunn d'Organisatoren eng Gromperenzopp zervéiert.

Durech groussen Interesse bidden d'Organisatoren eng next Wanderung am Juni 2020 un.