Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Japanesche Botschafter S.E.- Shigeji Suzuki an seng Madamm op Besuch zu Ëlwen

Op Invitatioun vun der Vereenegung « De Cliärrwer Kanton » waren de japanesche Botschafter S. E. Shigeji Suzuki a seng Madamm viru kuerzem op Besuch zu Ëlwen. Si hu bei där Geleeënheet déi fréier Franziskanerkierch aus dem 17. Joerhonnert besicht. Dëst Gebai ass als Monument national klasséiert an et gehéiert haut der Gemeng.

D’Deputéiert Edy Mertens an André Bauler hunn déi héich Gäscht empfaangen an de Paschtouer Michel Meyer huet Erklärungen zur Architektur an zur mouvementéierter Geschicht vun dësem Gebai mat senge räich dekoréierten Altär ginn.

De Botschafter a seng Madamm hu sech sichtlech erfreet iwwer dëse Besuch gewisen a waren un etlechen Detailer ronderëm dëst aalt Gotteshaus intresséiert. Dee jonken Organist Julien Landers huet dräi Stécker op der historescher Uergel gespillt, sou datt de Besuch vun de japanesche Gäscht duerch passend Musek verschéinert konnt ginn.