Wählen Sie Ihre Nachrichten​

d'Franziskuswanderung zu Ëlwen

Ënnert der Organisatioun vun der Ëlwenter Kulturkommissioun, den Franziskanerschwësteren, der Par St. François Ëlwen-Wäiswampech, dem Tourismusportal, den Naturpark-Our wéi och ënnert dem Patronat vun der Gemeng Ëlwen, huet viru kurzem een Trëppeltour vun 5km, d'Franziskuswanderung stattfond. Dobäi huet ofwiesselnd den ausgeschëltderten Trëppelwee den een am Grupp oder individuell konnt trëppelen iwwer Wanderweeër, laanscht Stroossen an Bëscher bis zum Klouschter op Fünfbrunnen (Cinqfontaines) gefouert. Ënnerwee waren Konschtwierker vun de Firmlinge 2019 aus der Par Ewe St. François ausgestallt, déi ënnert de Bezeechungen mam Waasser, Liicht, Feier an d'Erd ugefäerdegt waren. Am Réfectoire vum Centre Culturel zu Ëlwen gouf den Ofschlosspatt vun der Ëlwenter Gemeng offréiert, woubäi op Umeldung eng Pasta zervéiert gouf.