Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Café-Concert am Centre Culturel zu Ëlwen

Am Kader vum Télévie 2020, mam dëssjärige Centre de Promesse am Norden zu Ëlwen, gouf viru kuerzem op ee musikaliche Nomëtten am Centre Culturel bei Kaffe a Kuch ageladen. Nieft dem grousse Buffet mat hausmaacher Taart a Kuch wor fir musikalisch Ënnerhalung bestens gesuarrigt. Ënnert der Leedung vam Fredy Kreins haten d'Ëlwenter Chorale den Optak gesongen. Dono wor et den Kanner-a Jugendchouer ADESSO, den ADESSO Spezial, wéi och den Portugisische Chouer Canto dos Anjos. Van de véier Gesangsveräiner gouf e flotte weltliche Musikprogramm gesongen. Fir den Afschloss vam Concertnomëttig woren d'Sängerinnen a Sänger all zesaanen op der Bühn, an dobäi duerft dat Lëtzebuerg Télévielidd am Gesangsprogramm nek feelen. Den Erliis ass integral fir Télévie.