Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nei op facebook : „Organist(in) zu Lëtzebuerg“

„Organist(in) zu Lëtzebuerg“ soll eng Plattform sin, wo sech esou vill wéi méiglech Organist(in)en kënnen aschreiwe kënnen :

-Fir als Organist(in) op deem Wee Engagementer ze fannen, sief dat als Begleeder fir ee Chouer/Ensemble, als Solist op engem Concert oder als Aushëllef/Ersatz an enger Por ;

-Fir dass op deem Wee Chéier an Instrumental- a Vokal-Ensemblen een/eng Organist(in) kënne sichen andeems se einfach mat engem eenzege Message eng ganz Rei Organist(in)en op eemol uschreiwen ;

-Fir Poren d’Vermëttlung vun Organist(in)en z’erméiglechen an domat , am Noutfall, d’Sich no engem „Ersatz“ ze vereinfachen ;

-Organist(in)en, déi verhënnert sin hiren Déngscht z’erfëllen, d’Méiglechkeet ze gin, een geeegenten „Ersatz“ ze fannen.

Als Organist(in) sicht Dir en „Ersatz“ fir Iech oder Dir wënscht Iech selwer op engem bestëmmten Datum irgendwou d’Uergel ze spillen , awer Dir wësst nët wou deen Dag een/eng Organist(in) gebraucht gëtt, kënn Dir Iech op FB „ Organist(in) zu Lëtzebuerg “ androen !

Als Responsablen vun enger Por braucht Dir kuurzfristeg een/eng Organist(in) fir eng Mass, eng Hochzeit oder e Laichendéngscht : mellt Iech op Nei op facebook : „Organist(in) zu Lëtzebuerg“

Fir villen Ufuederungen aus der heiteger Zäit entgéintzekommen erlaben ech mir Iech dofir dëse Message ze schécken mat der Hoffnung , dass esou wuel d’Offer vun Organist(in)en wéi och d’Ufroen vun „Notzer“ op dëser facebook -Säit zimlech oft ze liesen wäert sin !