Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Regionalmagasinn n°18 Editioun Fréjoer/Summer 2018


Regionalmagasinn n° 18 Editioun Fréijoer/Summer 2018


Viru kuerzen ass déi nei Editioun vum Regionalmagasinn LEADER Lëtzebuerg West erauskomm.

De Schwéierpunkt vun dëser Ausgab läit um Thema Wanderen. D’Presentatioun vum touristesche Projet WestTrails informéiert de Lieser iwwert déi aktuell Ëmsetzungen an dësem Beräich.

Zousätzlech ginn et Informatiounen iwwert d’Auto-Pédestres an d’Nationalwanderweeër an der Regioun, wéi och iwwert déi geplangten Ännerungen. Et gëtt en Echantillon presentéiert vu flotte Wanderweeër aus der Regioun, en Interview vun engem Wanderfachmann, esou wéi e puer praktesch an allgemeng Infoen zum Thema Wanderen. Desweidere geet et ëm den Trend Geocaching.


Kleng Neiegkeete liest een an der Rubrik Dëst an Dat. E Veranstaltungskalenner vun Evenementer aus der Regioun fënnt een op de leschte Säiten.


De Magasinn ass a lëtzebuergescher a franséischer Sprooch.

Mir wënschen Iech vill Spaass beim Liesen an Entdecke vun de ville Projeten, déi am Kader vun der LEADER-Initiative ënnerstëtzt a gefuerdert ginn.


D’Regionalmagasinn gëtt zweemol am Joer vun der Lokaler Aktiounsgrupp LEADER Lëtzebuerg West erausginn an un all Haushalt an der Regioun verdeelt.


Wien net an der Regioun wunnt, kann de Magasinn am LEADER Büro bestellen oder online op www.letzebuergwest.lu liesen.

LEADER Lëtzebuerg West 1, rue de l’Eglise L-7481 Tuntange

T : 26 61 06 80 E : lw@leader.lu