Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Neie Regionalmagasinn Hierscht/Wanter 2017

Kultur op Schratt an der Tratt ass de Motto vun dëser Ausgab: net manner wéi fënnef LEADER-Projete beschäftegen sech am Moment mam Thema Kultur an eiser Regioun. Sou kënnt dir iech ënnert anerem iwwert Konschtprojete ronderëm d’Héierschwächt an Augmented Realtity op de réimesche Sitte bei eis an an der Groussregioun informéieren. Wat de Keeser Hari VII mam klengen Dierfche Simmer verbënnt kënnt Dir am Artikel Eng laang Rees noliesen. Deswéidere fannt Dir en Interview mat der Cellistin Lisa Berg an e Reportage iwwert den Urban Art Museum zu Koler, souwéi eng Hellewull weider interessant Artikelen an Informatiounen iwwert Kultur a LEADER an der Regioun Lëtzebuerg West.

De Regionalmagasinn fannt dir am Laaf vun dëser Woch an ärer Bréifkëscht. Wann Dir net an der Regioun Lëtzebuerg West wunnt, da kënnt Dir Iech en op www.letzebuergwest.lu eroflueden oder um LEADER-Büro bestellen: lw@leader.lu oder T: 26 61 06 80.