Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Mam Vëlo ënnerwee: neit Regionalmagasinn Lëtzebuerg West erauskomm

Am neie Regionalmagasinn vun der Regioun Lëtzebuerg West dréint sech alles em de Vëlo: Kaarten, Schëlter, praktesch Informatiounen, Vakanz um Vëlo heiheem an den Tour de France-Gewënner vun 1927 sinn nëmmen e puer vun den Themen iwwert déi Dir am Regionalmagasinn kënnt liesen.

Doriwwer eraus fannt Dir eng Lëscht mat den aktuellen LEADER-Projeten an der Regioun an en Artikel iwwert e Mysteriespill zu Simmer.

A wann Dir virun 1950 gebuer sidd an an der Regioun Lëtzebuerg West wunnt, da liest séier op de Säiten 26 an 27 weider!


D'Awunner vun der Regioun Lëtzebuerg West fannen de Magasinn dëser Deeg an hirer Bréifkëscht.

Dir wunnt net an der Regioun? Da mellt Iech bei eis um LEADER-Büro un, da schécken mir iech eng Ausgab heem (T: 26 61 06 80, E: lw@leader.lu).