Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Sich nom Zauberwuert - eng Geschicht vu Wiichtelcher, Hexen an anere wonnerbare Wiesen

D'Sich nom Zauberwuert – Eng Geschicht vu Wiichtelcher, Hexen an anere wonnerbare Wiesen ass e Buch vir Kanner.

D’Geschicht erzielt vun zwee Wiichtelcher, d’Maisi an de Néckel, déi enges Daags zu Stengefort un der Äisch dat schéint a léift awer onberechenbart Marie Grauette kennenléieren. A Begleedung vun der Mouk Griselda, déi onendlech vill weess, iert d'Marie schonn eng Zäit duerch d'Baache vu Lëtzebuerg op der Sich no engem Wee zeréck an seng Heemecht a Nordfrankräich.

Di zwee Wiichtelcher hëllefen him natierlech gären an esou maachen sech di véier op zu enger spannender Rees vu Stengefort duerch de Westen bis an de Mëllerdall. Ennerwee begéinen si verwonnerlech Wiesen, al Bekannter a maache lëschteg an och manner lëschteg Begéinungen.

Eppes hunn se awer all gemeng: en grousst Wësse ronderëm d’Geschicht vu der Regioun an der si säit ville Joere liewen. En esou begleet de Lieser di véier Frënn op hirer spannender Rees a leiert ganz niewebäi al Nimm, geografesch Besonnechkeeten, Perséinlechkeeten aus der Vergaangenheet a wichteg historesch Site kennen.

An natierlech gestalt sech dem Marie seng Heemrees net esou einfach wie et ufangs schéngt: dat richtegt Zauberwuert muss fonnt ginn an dat geet nëmme mam Lieser senger Hëllef! Op all Plaatz déi d’Frënn besiche gëllt et en Rätsel ze léisen an um Enn vun der Geschicht mussen di véier tatkräfteg beim Zesummenbastele vum Zauberwuert ënnerstëtzt ginn.

„D’Sich nom Zauberwuert – Eng Geschicht vu Wiichtelcher, Hexen an anere wonnerbare Wiesen“ gëtt et gratis op lëtzebuergesch a franséisch. D’Buch riicht sech vir selwer ze liesen un Kanner tëschent 10 an 12 Joer. Et eegent sech och gutt als Virliesbuch vir méi kleng Kanner.

Bestellungen per Telefon oder Email wgl. un:
Bureau LEADER Lëtzebuerg West
1, rue de l’église
L-7481 Tuntange
T : 26 61 06 80
E : lw@leader.lu

www.letzebuergwest.lu