Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sängerbond Furen ënnerstëtzt den Télévie

Sou wéi vill aner Veräiner aus der Gemeng Tandel hunn och d’Membere vum Sängerbond Furen sech entscheed dëst Joer d’Engagement an der Gemeng Tandel fir den Télévie an domat fir d’Fuerschung géint de Kriibs ze ënnerstë
tzen. Viru kuerzem haten sie sech getraff fir e Scheck iwwer 1000 € ze iwwerreechen.

De CP Tandel an Télévie soe MERCI.

De Centre de Promesse Tandel , deen säin Téléviedag de 26. Abrëll am Schoulcampus « Am Brill » organiséiert zielt och weider op är Ënnerstëtzung.
All Don ass weiderhi wëllkomm,
entweder op den CCPLLULL LU73 1111 7023 2949 0000
oder den BGLLLULL LU05 0030 8991 6004 0000 .

De Programm vum Dag fannt dir ënnert televie.tandel.lu an am Agenda vu mywort ënnert http://www.mywort.lu/tandel/agenda