GALACONCERT 24 Mee vun der Baastenduerfer Musik

GALACONCERT vun der Baastenduerfer Musik

D´Baastenduerfer Musik invitéiert Iech ganz häerzlich op hieren GALACONCERT 2014, deen mir den 24. Mee ëm 20.00 Auer am grousse Sall vun der Maison Relais zu Tandel spillen.

Ënnert dem Impuls vun eisem neien Dirigent Axel Rosengarten an an Zësummenarbicht mat der Tribute-Band „ADELICOUS“ offréiren mir Iech ë flotten an ofweeslungsräichen Owend mat Wierker wéi Cold Play, Fascinating Rythm, Innuendo, Return to the Vikings. Als Tribute to Adele interpretéiere mir zësummen He won´t go, Set fire to the rain an Rolling in the deep.

An der Hoffnung Iech deen Owend bei éis begréissen ze kënnen, verbleiwen mat musikalichen Gréiss

D´Baastenduerfer Musik