Wählen Sie Ihre Nachrichten​

E schéine Gest an Engagement vun den LCGB Lokalsektiounen fir den Télévie

D’LCGB Lokalsektioune Baastenduerf-Furen, Houschent-Bourschent a Mierschent sinn och dem Opruff vum Télévie nokomm an hunn am Februar virum Cactus Supermarché fir de gudden Zweck gegrillt.
Op hirer Generalversammlung konnten sie lo dem Carlo Scheuren, als Vertrieder vum Centre de Promesses Tandel, e Scheck iwwer 1.650 € iwwerreechen.
Den LCGB seet all de Leit Merci déi hir Aktioun ënnerstëtzt hunn.