Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Veilléeën "nu looss et an dir stëll ginn"

12
Nov
2021
12 Nov

D´lest Jar am November wollte mir se halen: dës Rei Veilléeën an der Regioun fir den Affer vun der Pandemie ze gedenken an hire Famillen Troust ze ginn. Leider huet di zweet Pandemiewell is doru gehënnert. De Summer iwwer hu mir am Respekt vun allen Hygieneregelen sou wäit méiglich viru geprouft. Lo steet en neie liicht geännerte Programm: 2021 ass am däitsche Sproochraum d´Jar vun der Uergel. Deem hu mir am neie Programm Rechnung gedroën.

Et heescht nët fir näischt: De Corona-Doud ass een einsamen Doud. Nët nëmme fir déi betraffe krank Mënschen, mee fir d´ganz Famill déi mol dacks nët konnt Äddi soën. Vill betraffe Lett hun dovunner geschwaat.

Kee ka fir anerer dat richtigt Matgefill a sou enger Situatioun ausdrécken. Wéini dee richtigen Zäitpunkt ass, d´Matgefill ze deelen kann och kee fir den Anere soën. Mir wëllen ët mat éisem Programm probéieren!
„nu looss et an dir stëll ginn“
mat Eech all zesumme fir d´Affer, mat a fir déi betraffe Familljen an enger besënnlicher Stonn mat Gesank an Uergelmusik.

· Freideg 12. November ëm 20:00 Auer zu Laaschent an der Kierch

· Samsdeg 13. November ëm 20:15 Auer (no der Mass) zu Branebuurg an der Parkierch

· Sonndeg 14. November ëm 17:00 Auer zu Veinen an der Trinitarierkierch

· De Sängerbond HELVETIA séngt ënnert der Direktioun vum Thomas Raoult

· Uergel: Roger Recht

· Solistin: Christine Leick

· Den Entrée ass fräi.

· Et gëllen d’Regele vum Covid Check: Entrée just mat engem EU-Covid-Certificat
www.covidcheck.lu

www.helvetia.lu