Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Een neit Buch mat ale Lidder !


"LËTZEBUERGER LIDDER DÄERFEN NET VERLUER GOEN !"

duerfir dëst Buch!
Soll haut  e Lëtzebuergescht Lidd gesonge ginn, da si mer séier schlecht drun. Bei der Auswiel ugefaangen, déi ass ganz bescheiden. Wann et dann ëm déi 2 oder 3 Strof geet, da musse mir meeschtens opginn!
Een neit Buch mat ale Lidder !
Hei hunn ech elo emol e puer Lidder, mat éischter witzegem Character, zesummegedroen déi haut nach kaum ee kennt, ma déi an der Zäit dagdeeglech a bei all Geleeënheet, mat vill Freed a Begeeschterung gesonge gi sinn.
Dëst Buch soll déi Lidder nees opliewe loossen déi een haut kaum méi héiert, an déi, ech mierken et un der Nofro, ëmmer méi erëmgesicht ginn. Sou z.B. d'Operett "Sonili" vun 1939, vun däer bis haut keng Spuer méi ze fannen ass ! Ma  Dogéint ginn och glécklecherweis Wierker, déi scho bal verluer waren, nees erëmfond an erëm opliewe gelooss, wéi d'Kopleschter-Lidd dat elo och op CD ze kréien ass! Ma och mat Wierder an Nouten an dësem Buch !
Wann bei Iech fir dëst Buch Interessi entsteet, dann kënnt dir et fir nëmmen 20 € kréien.
Jean KANDEL  7, rue Luitgardis  L-8244 MAMER
Tel: 621 665 212 jkandel@tango.lu