Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vu Mailand op de Brodway

Bis op déi leschte Plaatz geföllt, war de Kultursall zu Steesel, wou den Uelzechtdall-Chouer sein Concert virgedroen huet.
Um Programm stungen Lidder aus Musicals a Filmer ennert dem Motto « vu Mailand op de Broadway »
Dirigéiert huet de Josy Holcher ,an um Piano ass hien begleed gin vum Paul Hilbert.
Durch de Programm gefouert huet den Raymond Hoffmann op eng ganz speziell a witzeg Manéier.
Eng fantastesch Leeschtung, fir een Chouer deen eréicht am Joer 2015 vum Josy Holcher an d’Liewen geruff gin ass, an aus ca 40 Pensionären aus dem Uelzechtdall besteet.