Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D‘Fest vum 3. Alter zu Steesel

De Gemengerot aus der Gemeng Steesel invitéiert 2x am Joer op den Daag vum 3. Alter.
Dest Joer war daat am Kader vun der Intégratiounswoch tëschent Letzebuerger an Net-Letzebuerger.
Am Centre de Loisirs „Norbert Melcher“ haaten sech un déi 220 Leit afont , dovunner waren 50 Net-Letzebuerger.
No der Usprooch vum Buergemeeschter Jean-Pierre Klein ass dann d‘Mëttegiessen servéiert gin.
Fir gudd Stëmmung hun d‘Sandy Botsch an den Änder Hirtt gesuergt.
E klenge Cadeau ass dann och nach fir jiddereen ausgedeelt gin.