Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Salon du vin "VinAmicale" 2019 zu Steesel

29
Mär
2019
29 Mär 30 Mär 31 Mär
Christmas Tree Lights Christmas Fairy Lights with Christmas Tree Lights - Taro12.com

De Steeseler Basket invitéiert och dest Joer erem op sain « Salon du vin VinAmicale » vum 29 bis den 31 März 2019 am Centre de Loisirs Norbert Melcher (aal Baasketshal) zu Steesel. Et ass dei 20. Editioun mat 29 Aussteller dei präsent sin. Dei meecht Wënzer kommen aus Frankreich a Lëtzebuerg, awer och Italien, Spuenien, Portugal, Eistreich an Daitschland sin vertrueden. D’Producteuren erwaarden Iech gréisstendeels selwer um Salon fir Iech hier bescht Cru’en ze schmaachen ze gin. Alles ronderem d’Olive (Ueleg, Tapenades,..) an dem ‘Canard’ (foie gras, magret de canard fumé, …) därf natierlech och nett feelen. De ‚Salon du vin‘ gett ergänzt duerch eng Ausstellung vun der lëtzebuerger Artistin Arlette Mischo-Frisch. Weider Informatiounen fann der op der FB-Sait vum ‘Salon du vin VinAmicale’ an um site www.amicale.lu