Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Vintage Cars & Bikes Steinfort 2016

MERCI !!!
Et war rëm der „Däiwel“ lass zu STENGFORT de Weekend vum 6. + 7. August 2016.
Bei herrlechem Wieder war Stengefort fest an der Hand vun den Oldtimer, iwwer 800 Oldtimer, Motoën, Takteren, Busser a Kamioën waren um Site, iwwert 7500 Visiteuren verdeelt iwwer déi 2 Deeg…. alles Zuelen déi fir sech schwätzen.
Ewéi zu Stengefort gewinnt ass och dëss 4.ten Editioun gudd iwwert d‘Bühn gaang, sou dass fir d‘Aussteller, Händler an Visiteuren ënnert dem Strëch ee flotten Weekend an Errënnerung dierft bleiwen.
Elo kann ee behaapten dass Stengefort nit nëmmen um Wee ass zu deem Event hei zu Lëtzebuerg ze ginn, mee Stengefort ass deen „Weekend vun den Oldtimer a Lëtzebuerg“
An deem Sënn freeë mir eis op eng 5.t Editioun den 5. + 6. August 2017 , nom Vintage ass virum Vintage !
D‘Ekipp vum Vintage Stengefort