Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Tour du Duerf 2018

Am Kader vum Tour du Duerf 2018, deen vum 17. September bis den 7. Oktober 2018 stattfonnt huet, sinn Bierger vu Stengefort am ganzen 2037,7 km gefuer an hunn een Total vun 289,4 kg CO2 gespuert.

Vun all de Participanten huet de Pascal Schmit am wéinegste CO2 verbraucht. Hien ass am Ganzen 1312,3 km gefuer an huet esou 186,3 kg CO2 gespuert. Fir seng gutt Leeschtung ass den Här Schmit Ufanks Januar 2019 mat engem Bong vum Hoener Velosatelier belount ginn.

De Schäfferot vun der Gemeng Stengefort seet all de Participanten fir Matmaache vum Tour du Duerf 2018 Merci.