Nodeems déi 2.t Hobby-Fréijoersausstellung Enn Abrëll an der Aler Schmelz eriwwer ass hunn elo d'HOBBY-Kënschtler aus der Stengeforter Gemeng hiert Verspriechen wouer gemaach, an a Präsenz vun dën Gemengevertrieder mat un hirer Spëtzt dem Häer Buergermeeschter Jean-Marie Wirth der Alupse ee Scheck vun 850 Euro iwwerreecht. Dës Suen stamen aus dem Erléis vun der Kaffisstuff a vum Sammelen vu Spenden während der Ausstellung.
D’Hobby-Kënschtler soen alleguerten deenen MERCi déi eis ënnerstëtzt an gehollef hunn fir dass mir dës Zomm konnten iwwerreechen.
Stengefort – 06/06/2013
Hobby-Kënschtler
Fotoën : Metzger Albert / Aischen an Hobby-Kënschtler