Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Personalfeier vun der Gemeng Stengefort

Am Kader vum traditionelle Neijoerschempfang vun der Gemeng Stengefort, hunn sech ronn 140 Invitéeën am Centre Roudemer zesumme fonnt. De Buergermeeschter Guy Pettinger huet am Numm vum Schäfferot alle Mataarbechter fir hiert Engagement 2018 Merci gesot.


Dëst Joer huet d’Feier den 18. Januar 2019 ënnert dem Thema “Casino” stattfonnt an huet fir grouss Begeeschterung bei all de Gäscht gesuergt.


Fir 20 Joer Déngscht gouf d’Anne Mangen, Éducatrice am Précoce, de Georges Hetting, Gemengenaarbechter am “Service Régie” an den Thierry Feiereisen, Schoulmeeschter, mat enger goldener Auer belount.


An d’wuelverdéngte Pensioun ass de Jhang Rauchs, Schoulmeeschter, gaangen a krut fir säi joerelaangt Engagement an der Stengeforter Schoul Merci gesot.